Putin a Xi erwaartBRICS-Länner treffe sech fir Sommet zu New Delhi

RTL Lëtzebuerg
De russesche President Putin an de chineesesche President Xi Jinping ginn e Samschdeg zu New Delhi fir de Sommet vun de BRICS-Länner erwaart – e Grupp, dee sech als Géigegewiicht zum Weste gesäit.
D'BRICS-Länner maachen zesumme ronn d'Hallschent vun der weltwäiter Populatioun aus a ronn 40 Prozent vun der weltwäiter Wirtschaftsleeschtung.
© ARUN SANKAR/AFP

D'Staats- a Regierungscheffe vun de sougenannte BRICS-Länner gesi sech e Samschdeg fir e Sommet zu New Delhi. Mat derbäi si Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika.

Nieft dem russesche President Putin gëtt och de chineesesche President Xi Jinping erwaart.

Dës Grupp gesäit sech als Géigegewiicht zum Westen a koordinéiere sech virop iwwer geopolitesch Froen. Si maachen zesumme ronn d'Hallschent vun der weltwäiter Populatioun aus a ronn 40 Prozent vun der weltwäiter Wirtschaftsleeschtung.

Back to Top
CIM LOGO