Och net mat Wunnsëtz an der EUBritten dierfe wéinst Corona net méi duerch Frankräich reesen

RTL Lëtzebuerg
Frankräich huet seng Areesbestëmmunge fir Leit aus Drëttstaaten verschäerft. Dës Decisioun huet ville Britten d'Heemrees schwéier gemaach.
© afp

D’Entreprise hannert dem Eurotunnel, dee Frankräich iwwer d’Manche mat Groussbritannie verbënnt, huet e Mëttwoch den Owend matgedeelt, datt Britten, déi hire Wunnsëtz net a Frankräich hunn, net méi duerch d’Land duerchreesen dierften. Dat géing och fir Britte gëllen, déi an engem EU-Land wunnen. Dat nämmlecht hat och de Fär-Déngscht P&O Ferries matgedeelt.

Dëst huet et ville Britten, déi zum Beispill d’Feierdeeg op der Insel verbruecht hunn an elo iwwer Frankräich nees zeréck Heem wollten, Problemer gemaach.

Den Inneministère zu Paräis hat matgedeelt, d’Aschränkunge géingen op Entscheedunge vum 18. Dezember baséieren, an deenen d’Areesrestriktioune verschäerft gi sinn. Et wier “just logesch”, datt Britten, wéi all aner Leit aus Drëttstaaten, doduerch net méi duerch Frankräich an een anert Land dierfte reesen.

Fir “d’Feierdeeg um Enn vum Joer” gouf d’Reegelung elo awer e bëssen entspaant. Hat huet de franséischen Inneministère en Donneschdeg den Owend der Noriichtenagence Afp matgedeelt. De Ministère hätt de Polizisten “Uweisungen zur Toleranz” ginn, fir datt d’Leit no de Feierdeeg awer nach kënnen Heem kommen.

Back to Top
CIM LOGO