"Thank You"Cargolux liwwert 932.000 Dosisse vu Pfizer-Biontech un Taiwan

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Charge vun de laang erwaarten Impfstoffer vu Pfizer-Biontech sinn en Donneschdeg de Moien an Taiwan ukomm.

D’Dosisse si mat engem Fliger vun der Cargolux (CV7962) transportéiert ginn. De Fliger ass vum Gesondheetsminister an dem CECC-Chef Chen Shih-chung, der Vizepresidentin vun der TSMC Charity Foundation an dem Gerant vun der Tzu Chi Foundation begréisst ginn. Wärend dem Accueil hu si Schëlder mam Schrëftzuch “Thank You” an d’Loft gehalen.

D’Impfunge solle Mëtt September ufänken. Eng zweet Charge mat ronn 900.000 Dosisse soll och geschwënn an Taiwan ukommen. Et kéint sinn, dass dës Charge an dem selwechten Impftour verdeelt gëtt.

© AFP

Prioritär gi Schüler am Alter tëschent 12 an 17 Joer geimpft. Erwuessener tëschent 18 an 22 Joer kënne sech awer och registréiere loossen.

Back to Top
CIM LOGO