Etüd an den USACDC: Zesummenhang tëscht Ouverture vu Restauranten an Hausse vun Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
Eng nei Etüd vun der US-Seuchenautoritéit CDC gesäit en direkten Zesummenhang tëscht der Ouverture vu Restauranten an der Hausse vu Corona- an Doudesfäll.
E Restaurant zu Paräis virum Lockdown am Oktober.
E Restaurant zu Paräis virum Lockdown am Oktober.
© AFP (Archiv)

Deemno wier festzestellen, dass an deene Bezierker, wou Restauranten och op hunn, fir op der Plaz z’iessen, d’Zuel vun de Corona-Doudegen ëm 3 Prozent bannent e puer Méint geklommen ass.

Op der anerer Säit huet eng Maskeflicht dofir gesuergt, dass 2 Prozent manner Leit gestuerwe sinn.

D’CDC-Direktesch Rochelle Walensky sot, et hätt ee gewosst, dass Restauranten zu Ustiechungen an zu Clustere géife féieren.

Klickt op d'Foto, fir op d'Etüd ze kommen.
Klickt op d’Foto, fir op d’Etüd ze kommen.
© CDC.Gov

LINK: D’Etüd vun der CDC

Back to Top
CIM LOGO