WHOCorona-Mesuren däerfen net ze spéit ëmgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
D'WHO warnt Länner, an deenen d'Zuel vun den Nei-Infektiounen erëm massiv klëmmt, do virdrun ze spéit méi streng Schutz-Mesuren anzeféieren.

Wat Mesuren méi fréi etabléiert géifen, wat een der manner bräicht, esou d‘Covid-Spezialistin vun der Weltgesondheetsorganisatioun, Maria Van Kerkhove. Si huet drun erënnert, dass d’Delta-Variant vum Virus, déi aktuell am meeschten zirkuléiert, wesentlech méi ustiechend wier wéi déi virdrun.

Zu de proposéierte Mesuren gehéiert de breeden Asaz vu Masken, Ofstand halen, Raim gutt lëften, ze vill Leit op enkem Raum evitéieren a wann et geet vun Doheem schaffen.

Back to Top
CIM LOGO