Uechtert d'WeltCovid-19 - grouss Suergen an Ost-Europa

Jeannot Ries
Tëscht Skandinavien an de Baltesche Staate leie 400 Kilometer. Zwou Regiounen, an deenen d'Pandemie fir ganz ënnerschiddlech Situatioune suergt.
Covid-19 - grouss Suergen an Ost-Europa
Tëscht Skandinavien an de Baltesche Staate leie 400 Kilometer. Zwou Regiounen, an deenen d’Pandemie fir ganz ënnerschiddlech Situatioune suergt.

Iwwerdeems d’Leit banne Skandinavien souguer nees ouni Masken am Fliger reese kënnen, explodéieren d’Covid-Zuelen am Osten vun Europa.

1.463 nei Infektiounen op 100.000 Awunner, bannent 14 Deeg. Et ass a Lettland wou d’lescht Woch déi meescht Corona-Neiinfektiounen um Europäesche Kontinent enregistréiert goufen. D’Nopesch Staaten Estland a Litauen maachen den Ament och mat am meeschte suergen.

Eng véiert Well, op déi d’Regierung vu Riga leschten Donneschdeg mat engem drastesche Lockdown reagéiert huet. Bis de 15. November. Iwwerdeems klëmmt an Estland an a Litauen d’Nervositéit, bedéngt duerch eng relativ niddreg Impfquot. Ee vun zwee Bierger huet hei de ganzen Impfschema hannert sech. An Estland gëllen vun e Méindeg un a ville Beräicher d'2G-Reegel an eng verschäerft Maskeflicht.

Vis-à-vis a Schweden ass d’Situatioun eng ganz aner. Hei huet zum Beispill souguer am Metro kee méi eng Mask un. Hei geet d’Liewen nees weider, wéi virum Ausbroch vun der Pandemie. Dobäi ass Schweden net Impfweltmeeschter.

Zougespëtzt huet sech a leschter Zäit och d’Situatioun a Rumänien. Hei stoussen d’Klinicken un hir Limitten. Leschte Mëttwoch goufen 19 Covid-Doudeger op eng Millioun Awunner enregistréiert. Sou vill wéi soss weltwäit net. An der Haaptstad Bukarest beschreiwen Dokteren d’Situatioun als ‘Apokalyptesch’. Vun e Méindeg u gëllt a ganz Rumänien, Nuets eng Ausgangsspär. D’Schoule goufe fir zwou Wochen zougemaach. Den Impftaux läit just bei 29%. Ganz ugespaant Situatioune ginn och aus Bulgarien a Kroatien gemellt.

Zu Moskau gouf decidéiert, dat ëffentlecht Liewen erofzefueren. De President Putin huet d’Populatioun opgeruff, sech onbedéngt Impfen ze loossen. D’Zuel un Impfskeptiker ass ganz héich. D’Impfzenter bleiwen den Ament 24 Stonnen op 24 op. Vill Russe wëllen och keng Masken droen. De Kult vum staarke Mann, dee virun näischt Angscht huet. Der Agence Rosstat fir statistesch Zuelen no si bis Enn August 400.000 Russen um Covid-19 gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO