DäitschlandD'7-Dages-Inzidenz vun Neiinfektioune klëmmt nees op iwwer 100

RTL Lëtzebuerg
D'Grenz vun 100 ass jo en Haapt-Indicateur an Däitschland, fir d'Noutbrems an der Pandemie ze zéien.

An Däitschland läit déi sougenannte 7-Dages-Inzidenz vun Neiinfektioune mam Coronavirus nees bei iwwer 100, dat huet d’Robert-Koch-Institut e Samschdeg matgedeelt. Deemno goufen et an de leschte 7 Deeg méi wéi 100 Neiinfektioune mam Corona-Virus pro 100.000 Awunner. Eréischt virun 2 Woche ware verschidde Restriktiounen opgehuewe ginn.

D'100er-Grenz ass en Haapt-Indicateur, fir d’Noutbrems ze zéien, d’Regierung an d’Bundeslänner hate sech déi Optioun gelooss, wéi se nees méi opgemaach hunn. Wéi elo soll op d’Hausse vun den Zuele reagéiert ginn, decidéiert sech muer, dann ass d’Bundeskanzlerin Merkel nees mat de Ministerpresidente vun de Länner fir Gespréicher zesummen.

Zu Kassel ass d’Police e Samschdeg mat Pefferspray a Matraque géint Demonstrante virgaangen... e puer Dausend Persounen haten do géint d’Krisepolitik vun der Regierung demonstréiert, ouni Mask respektiv Ofstand. Wéi d’Police op Twitter schreift, hätten ëmmer nees Demonstrante Beamten attackéiert. Dowéinst hätt ee misse méi haart duerchgräifen.

Back to Top
CIM LOGO