
Et géif sech ëm en Ofwier-Mechanissem vum Kierper handelen, deen normalerweis bei der Heelung vu Wonne beobacht gëtt. D’Fuerscher vun der Universitéitsmedezin Greifswald (UMG) haten nom Impfstopp beim Paul-Ehrlich-Institut no Prouwe gefrot a 6 vun Thrombos-Patiente kritt, fir dës genee z’analyséieren.
Deemno léist den Impfstoff a seelenen Eenzelfäll dësen Ofwier-Mechanissem aus, sou d’UMG. Bei der Ënnersichung vun de 6 Prouwen hätten d’Experte festgestallt, dass de Vaccin d’Bluttplaquetten aktivéiert. Dat geschitt normalerweis just bei der Heelung vu Wonnen am Kierper, dat heescht, wann d’Blutt gerënnt an d’Wonn nees zougeet.
Bei e puer Patiente wier dëse Mechanissem aktiv ginn an dat hätt de Bluttgerinnsel am Gehier ausgeléist. Elo, wou een dat festgestallt hätt, kéint een et och geziilt behandelen. Déi Betraffe kéinten e Wierkstoff géint Thrombose kréien, allerdéngs just nodeems sech eng gebilt huet, net virsuerglech.
