ImpfopfrëschungDäitsch Impfkommissioun recommandéiert drëtt Impfung vu 70 Joer un

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland huet déi stänneg Impfkommissioun (Stiko) eng nei Recommandatioun fir sougenannte Booster-Impfungen eraus ginn.

Eeler Leit ab 70 Joer kréien deemno eng Impfopfrëschung ugeroden, fir sech méi effektiv géint de Coronavirus ze schützen. Och fir Leit ënner 70, déi an Alters- oder Fleegariichtunge wunnen, gëllt d’Recommandatioun, sech déi drëtt Impfung ginn ze loossen.

Mam Alter géing d’Immunreaktioun no Impfungen allgemeng méi schwaach ausfalen, wéi bei méi jonke Patienten. Och Impfduerchbrëch komme méi dacks fir an eeler Leit riskéiere bei enger Infektioun méi krank ze ginn. Fir Risikogruppen, speziell Leit mat Immunschwächt, gëllt aus deenen nämmlechte Grënn och eng Recommandatioun fir eng Opfrëschungsimpfung.

D’Stiko réit un, déi drëtt Impfung fréistens sechs Méint no den éischten zwou Impfungen ze ginn. Wa méiglech sollt bei där drëtter Impfung deen nämmlechte mRNA-Stoff benotzt ginn, wéi och bei deenen éischten zwee.

Beim Impfstoff vu Johnson&Johnson, bei deem just eng Dosis fir ee vollen Impfschutz néideg ass, gëlle liicht aner Recommandatiounen. Hei kann d’Booster-Impfung schonns véier Wochen no der éischter Dosis geimpft ginn.

Eng Rei Bundeslänner hu schonn am September mat deenen éischte Booster-Shots fir eeler Leit a Risikopatienten ugefaangen - och ouni d’Recommandatioun vun der däitscher Impfkommissioun.

Back to Top
CIM LOGO