Start ass den 1. MäerzDäitschland annoncéiert gratis Schnelltester fir all Bierger

RTL Lëtzebuerg
Getest soll mat Hëllef vun engem Antigen-Schnelltest, esou den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn.

Duerchféiere wäerten dës Tester ausgebiltend Personal, esou nach de Minister op Twitter. D’Gemengen an Däitschland kënnen den Optrag fir ze testen un Test-Zenteren an Apdikte weider ginn, de Bund iwwerhëlt d’Käschten. Schnelltester wieren der mëttlerweil genuch um Marché.

Ma och d’Méiglechkeet, fir sech selwer ze testen, soll dem Spahn no geschwënn méiglech sinn, hei géif just nach déi offiziell Zouloossung nach feelen. Dës kéinten Informatiounen no fir 1 Euro verkaaft ginn. Virun allem am Alldag dierften dës Tester vill hëllefen, zum Beispill a Schoulen, esou de Jens Spahn.

Elo scho ginn d’Schnelltester an Heemer, Klinicken an deelweis a Schoulen agesat, dat awer vun ausgebiltem Personal. Ma dës Prouwe mussen awer net extra fir auszewäerten an de Labo geschéckt ginn.

Ma Antigen-Tester gëllen awer als manner fiabel wéi PCR-Tester. Dem RKI no muss e positive Schnelltest mat engem PCR-Test confirméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO