2G+ am ganze LandDäitschland verschäerft Mesuren an der Gastronomie, Isolatiounszäit verkierzt

RTL Lëtzebuerg
A ganz Däitschland soll geschwënn den 2G+ an der Gastronomie gëllen. Och soll d'Isolatiounszäit verkierzt ginn.
© afp

An enger Videokonferenz tëscht Berlin an den eenzele Bundeslänner soll sech e Freideg op den 2G+ an der Gastronomie, also zum Beispill a Restauranten a Caféen, gëeenegt gi sinn.

Den 2G+, bei deem geimpft an nees gesond Leit zousätzlech nach een aktuelle Schnelltest virweise kënne mussen, wäert an all Bundesland onofhängeg vun der lokaler Inzidenz gëllen. Eng Ausnam gëtt et fir Leit, déi de Booster kritt hunn, dat vum Dag vun der Opfrëschungsimpfung un. E besonnesche Fokus soll dem op Baren a Caféë leien, wärend Diskoen däitschlandwäit zoumaache mussen.

Gläichzäiteg solle sech d’Regierung an d’Länner op eng Verkierzung vun de Quarantäns- an Isolatiounszäite verstännegt hunn. Fir geboostert Kontaktpersoune soll d’Quarantän komplett ewechfalen. D’Isolatioun fir Infizéierter gëtt vu 14 op 10 Deeg erofgesat, duebelt geimpften an nees gesond Kontaktpersoune mussen och just nach fir 10 Deeg an d’Quarantän. Duerch ee PCR-Test oder een zertifiéierte Schnelltest kann ee sech awer schonn no siwen Deeg fräitesten.

Mataarbechter am Gesondheets- a Fleegesecteur kënne sech esouguer schonn no fënnef Deeg aus der Quarantän oder der Isolatioun fräitesten, wann si virdrun op d’mannst zwee Deeg ouni Symptomer waren. Och fir Kanner ginn dës Delaie verkierzt.

E Freideg gouf Lëtzebuerg vum däitsche Robert-Koch-Institut ausserdeem nees op d’Lëscht vun den Héichrisikogebitter gesat. Méi dozou kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO