2G, 2G+ oder de Pass sanitaire: Wien an dësen Zäiten op der anerer Säit vun der Musel an de Restaurant wëllt, verléiert séier den Iwwerbléck. An Däitschland a Frankräich gëllen am Ament ënnerschiddlech Gesetzer, an Däitschland ass et souguer vu Bundesland zu Bundesland anescht. Fir d’Restaurateuren an d’Hotelieren ass deen Hin an Hir besonnesch problematesch. D’Clientë ginn eventuell dohin, wou d’Reegele manner streng sinn. Hëlt hei ee Restaurateur deem aneren d’Brout vum Teller?
Zu Palzem a Rheinland-Pfalz ass den 2G scho Realitéit. A Restaurante wéi der “Moselterrasse” dierfe just nach geimpft oder retabléiert Clienten eran. Den Hotelsbetrib huet dowéinst scho missten zoumaachen, och de Restaurant ass just nach zwee Deeg an der Woch op. De Proprietär Alex Despiegelaere fäert, dass grad wéi am Saarland den 2G+ agefouert gëtt.
“Wann d’Leit sech zousätzlech zu der Impfung nach teste mussen, an déi Tester musse bezuelt ginn, da wäert dach kee sech méi teste loossen, fir an e Restaurant ze goen. Da bleiwen d’Leit doheem.”
Et wieren och ewell vill Betribsfeieren annuléiert ginn, esou de Besëtzer vum Restaurant.
“Lo weess ech natierlech net, ob dat einfach d’Firmepolitik ass, dass et ofgesot gouf, oder ob do eventuell Leit an der Ekipp sinn, déi net geimpft sinn, an déi dann net kéinte matgoen. Do kann et da sinn, dass d’Feier elo zu Lëtzebuerg ass.”
Fir awer net op de Staat ugewisen ze sinn, huet den Alex Despiegelaere sech eng Alternativ zur klassescher Gastronomie iwwerluecht: Hie verkeeft seng Pizzaen elo iwwert ee Pizzasautomat.
“Dat leeft wierklech gutt. Mir kréien natierlech och Ënnerstëtzung vu ville Leit, déi wëssen, dass et net einfach ass am Moment. Esou kréie mir och eng aner Clientèle, zum Beispill Leit, déi vun der Nuetsschicht kommen oder Jonker, déi vun enger Party kommen an déi frou sinn, dass se nach eppes Waarmes kréien.”
Bis zu 150 Pizzae verkeeft d’Equipe vun der Moselterrasse esou am Dag.
Eng véierel Stonn an déi aner Richtung, am Val Sierckois a Frankräich, gëllt nach den 3G. All d’Clienten hunn e Pass sanitaire, sinn also geimpft, getest oder retabléiert. De Ludovic Girardin schafft mat am Betrib, a fënnt, dass de Pass sanitaire gutt funktionéiert. D’Leit géingen d’Reegele mëttlerweil kennen an akzeptéieren. Ma awer ass een am Val Sierckois irritéiert iwwer den Hin an Hir an de Reglementatiounen, esou de Ludovic Girardin.
“Les Lois changent tous les jours. On s’adapte, mais je pense que même les forces de l’ordre ne savent plus exactement quelles règles sont en vigueur.”
Well den Test am Frankräich nach eng Optioun ass, rechent een an Zukunft am Val Sierckois mat méi Clienten aus Däitschland, déi sech net wëllen impfe loossen.