FrankräichDausende Mënschen hu géint déi nei Coronamesurë protestéiert

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich hu méi wéi 100.000 Leit géint déi geplangte Corona-Reegele vun der Regierung demonstréiert. Landeswäit gouf op 136 Plaze protestéiert.

Den Inneministère huet confirméiert, dass e Samschdeg den Owend uechter d’Land ronn 114.000 Leit op d’Strooss gaange sinn. Ënner anerem hunn d’Leit de Récktrëtt vum President Emmanuel Macron gefuerdert an et goufe Schëlder mat “Neen zur Gesondheets-Diktatur” héichgehalen.

Ugangs der Woch hat de President Macron erëm méi streng Moossnamen ugekënnegt, well d’Zuel vun den Corona-Infektioune klëmmt. Donieft gouf eng Impfflicht fir d’Gesondheetspersonal decidéiert. Déi gëtt dann och am meeschten a Frankräich kritiséiert. Zousätzlech soll geschwënn op méi Plaze gefrot ginn, ob ee getest, geimpft oder geheelt ass.

Vun e Mëttwoch u gëllt dat zum Beispill fir an de Kino oder an den Theater.

Am August kann een dann ouni entspriechenden Zertifikat och net méi an e Restaurant oder eng Bar. Dat soll dann och fir den TGV gëllen.

D’Inzidenz op eng Woch gekuckt läit a Frankräich den Ament bei knapp 50.

Back to Top
CIM LOGO