BelschD'Corona-Situatioun bleift relativ onverännert

RTL Lëtzebuerg
Bei eise belschen Nopere gëllt nach ëmmer deels Confinement. D'Areese soll méiglechst limitéiert gehale ginn. Mam Impfe gouf ugefaangen.

Belsch a Coronazäiten / Korrespondenz vum Danielle Filbig

D’Ausgangsspär bleift an der Wallonie an zu Bréissel vun 22 Auer owes bis 6 Auer moies bestoen. A Flandere vu Mëtternuecht u bis 5 Auer moies.

Zanter dem 1. Mäerz hunn Coiffeurssalonen an der Belsch erëm dierfen opmaachen. D’Schwämme sinn och op, all aner Sportsaktivitéiten a Fitnesszentere sinn dogéint net erlaabt. Doheem dierf een allerdéngs just eng Persoun empfänken.

Bis elo gesäit et net dono aus, wéi wann d’Mesuren an der Belsch deemnächst géife méi labber gemaach ginn, d’Zuele wieren dofir nach net stabel genuch. Hei erwaart ee sech net wierklech eng Besserung vun den Neiinfektioune virun Abrëll oder souguer Mee. Den Drock an de Risk vun den Iwwerbelaaschtunge vun den Intensivbetter ass och geklommen.

Vun all Auslandsrees gëtt nach ëmmer staark ofgeroden, an all Rees, déi als net-essentiell gëllt, ass verbueden.

Am Januar a Februar sinn d’Leit an der Belsch, déi am Gesondheetssecteur schaffen, geimpft ginn, an och natierlech d’Bewunner aus Alters- an Fleegeheemer. E Mëttwoch de Mëtten hu sech a verschiddenen Zenteren an der Belsch, wou geimpft ka ginn, därmoosse Schlaange gebilt, datt d’Leit deels souguer hu misste Stonne waarden, ier se un d’Rei komm sinn.

En Dënschdeg koum d’Nouvelle, datt mam Vaccin AstraZeneca an der Belsch vun 18 Joer un dierf geimpft ginn. Eng Altersbeschränkung fir dëse Vaccin gëtt et hei also keng méi. Virdru war de Vaccin nämlech fir Leit, déi méi wéi 55 Joer al sinn, net erlaabt.

E Méindeg hu Studente virun der Uni zu Bréissel manifestéiert. Si verlaangen e Retour vun de Presenzcoursen, also op der Uni selwer. Elo gëtt et ee Joer, wou si d’Coursen all vun doheem aus musse maachen, domat och d’Examen. Eng Partie Studenten hunn hir Studentenjobs verluer, vun deene si ofhängeg waren, fir sech wärend de Studie finanziell iwwer Waasser ze halen. D’Moral wier och hei un de Limitten ukomm.

D’Situatioun fir d’Studente gëtt ëmmer méi ermiddend, d’Sozialliewe feelt och hei.

D’Educatiounsministesch Valérie Glatigny ass sech der Situatioun bewosst, si fuerdert bis de 15. Mäerz, fir op d’mannst ronn 20% vun de Coursen erëm op der Uni selwer kënnen ze halen.

Back to Top
CIM LOGO