
Bei den Neiinfektiounen ass et eng Hausse vun 340.000 Leit.
Déi indesch Zentralregierung ass domadder beméit, déi komplett iwwerlaaschte Spideeler mat zousätzlechem Sauerstoff fir déi kënschtlech Beootmung vu Covid19-Patienten ze versuergen.
Antëscht gi speziell Zich organiséiert, fir dat néidegt Material an déi Regiounen ze transportéieren, déi am schlëmmste betraff sinn. Och déi indesch Loftwaff gëtt fir den Transport vu Sauerstoff an aneren Hëllefsmëttel agesat.
De Virus breet sech wéinst enger duebeler Mutatioun immens séier aus. Derbäi komme grouss Mënschenusammlungen am Kader vu reliéise Fester a Sports- a Kultureventer.
Indien hat Uganks vum Joer gemengt, dat Schlëmmst hannert sech ze hunn an dowéinst goufen déi meescht Restriktiounen opgehuewen.
Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn huet ugekënnegt, de Reesverkéier mat Indien däitlech anzeschränken.
D’Bundesregierung wäert Indien kuerzfristeg zum Virusvariantegebitt erklären, esou de Spahn den Zeitunge vun der Funke Medien-Gruppe. Vun e Sonndegowend un dierften dann nëmme Persoune mat engem däitsche Pass aus Indien an Däitschland areesen. Dem RKI no si bis ewell 21 Infektioune mat der indescher Variant an Däitschland nogewise ginn.
Net méi genuch Sauerstoff an Indien: Iwwer eng Millioun Neiinfektioune bannent 4 Deeg