
No zéng erfollegräiche Jore bei Bayern München ass den 33 Joer ale Verteideger d’lescht Woch op Lyon gewiesselt. Elo muss hien awer zeréck op München, fir sech de Virwërf viru Geriicht ze stellen.
Säin Affekot sot, datt de Boateng bestreide géif, seng Ex-Frendin Sherin S. wärend engem heftege Sträit an der Vakanz blesséiert ze hunn. Wann hie schëlleg geschwat gëtt, dreeën him eng Geld- oder Prisongsstrof bis 5 Joer. D’Urteel kéint nach dee selwechten Dag gesprach ginn. Deen eigentleche Rendez-vous am Dezember huet misse verréckelt ginn, well ee vun den Zeie wéinst dem Coronavirus net komme konnt.
Donieft hunn de Futtballspiller an d’Mamm vu sengen zwee Meedercher eng separat Geriichtsaffär, fir d’Suergerecht vun den Zwillingen ze bestëmmen.