AfghanistanDe Militär-Asaz vun den USA ass no knapp 20 Joer eriwwer

Pit Everling
D'USA hunn e Méindeg den Owend hir lescht Zaldote vum Fluchhafen zu Kabul ofgezunn. Domadder ass no bal 20 Joer dee längste Krich vun den USA eriwwer.

D’US-Militär huet säin Ofzuch aus Afghanistan ofgeschloss, dat huet den US-Generol Kenneth McKenzie e Méindeg den Owend an engem Video-Message géintiwwer Journalisten am Pentagon confirméiert. De leschten US-amerikanesche Fliger wier kuerz virun Hallefnuecht e Méindeg den Owend vum Flughafe vu Kabul fortgeflunn.

De Chris Donahue war dee leschten US-Zaldot, deen Afghanistan verlooss huet. Op de soziale Medien gouf eng Foto vun him publizéiert, wéi hien an de Fliger geklommen ass.

De President Joe Biden wäert sech en Dënschdeg den Owend eiser Zäit un d‘Ëffentlechkeet adresséieren an dobäi ënnert anerem erklären, firwat um Datum vum 31. August festgehale ginn ass, fir den Hindukusch ze verloossen. E Méindeg den Owend schonn huet den US-President den Zaldote Merci gesot fir hiren Asaz. D’Zaldoten hätte bei der “gréisster Loftbréck an der US-Geschicht” mat “Mutt, Professionalitéit an Entschlossenheet” gehandelt. “Elo ass eis 20 Joer laang Militärpresenz am Afghanistan eriwwer”, sou nach de Biden.

Déi diplomatesch Presenz am Afghanistan hunn d’USA opginn an alles an de Katar verluecht.

Engen 100 bis 200 US-Amerikaner, déi den Ament nach ëmmer am Land wieren, wéilt een awer weiderhin hëllefen, den Afghanistan kënnen ze verloossen.

Déi internationalen Hëllefsbréck ass domadder awer elo definitiv fäerdeg. D’USA an hir Alliéiert hätten iwwer 122.000 Zivilisten evakuéiert, sou den US-Generol Kenneth McKenzie. Nach sinn am Land awer Zéngdausende Mënschen, déi virun den Taliban flüchte wëllen. Bei deene Meeschten handelt et sech ëm Afghanen.

Réckzoch vun den US-Truppen no 20 Joer: Wéi geet et wieder am Afghanistan?

Déi leschte Fliger ass kuerz virun Hallefnuecht Lokalzäit fortgeflunn. Dono hunn d’Taliban d’Kontroll iwwert de Fluchhafen zu Kabul iwwerholl. No 20 Joer ass d’US-Missioun am Afghanistan eriwwer. Aktéiert gëtt déi wuel gréissten Néierlag iwwerhaapt fir de Westen. Ma wéi geet et elo weider? Déi Fro ass nach net wierklech beäntwert...

Wéi geet et nom Réckzuch weider? - Reportage Pit Everling

Eis Truppe si fort an eng nei Ära geet lo un, sot den US-Ausseminister Anthony Blinken zu Washington virun der Press: “En neit Kapitel vun eisem Engagement huet ugefaangen.
Mir wëllen do op Diplomatie setzen. Déi militäresch Missioun ass eriwwer , eng diplomatesch Missioun huet ugefaangen.”

D’USA hu keng diplomatesch Presenz méi zu Kabul. An Zukunft wëll een dës Ugeleeënheete vun Doha aus reegelen, och déi humanitär Hëllef soll aus dem Qatar gesteiert ginn. D’Taliban-Regierung misst elo beweisen, datt se de Support vun den USA och verdéngt. Ganz wichteg wier et, datt Terroriste keng Basis am Afghanistan däerfen hunn: “D’Taliban hunn zougesot, datt Terroriste-Gruppen Afghanistan net als Basis notze kënne fir Operatiounen, déi d’USA an déi Alliéiert menacéieren. Zu dëse Gruppéierunge gehéieren Al Qaida an den IS, deklaréierte Feind vun den Taliban.”

Mam Réckzoch vun den US-Truppe geet och d’Loftbréck op en Enn. Méi wéi 120.000 Leit hunn d’USA an déi Alliéiert aus Afghanistan eraus bruecht an de leschte Wochen. Leschten Donneschdeg gouf et zu Kabul Kamikaze-Attacke vum IS, bei deenen 170 Zivilisten an 13 US-Zaldoten ëmkomm sinn. Eppes méi wéi 100 US-Bierger kéinten elo nach ëmmer an Afghanistan sinn, sou den Anthony Blinken :“Mir wäerte mat den Efforte weider fueren, fir Amerikaner, aneren Auslänner an Afghanen ze hëllefen d’Land ze verloossen, wa si dat wëllen.”

D’Taliban hunn de Réckzoch vun den USA gefeiert. No 20 Joer wier Afghanistan lo onofhängeg, heescht et vun héichrangegen Taliban-Responsabelen.

Fir d’USA an d’Alliéiert geet den Afghanistan-Krich als e ganz batteren Episod an d’Geschicht an.
Fir vill Experten ass dëst en Ausdrock dofir, datt de Westen u Bedeitung verluer huet.

Back to Top
CIM LOGO