No déidlecher Schéisserei zu KrakauDe Parquet a Polen geet vun Terror aus

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend waren dräi weider Läiche beim presuméierten Täter doheem fonnt ginn.
© WOJTEK RADWANSKI/AFP

De Parquet a Polen geet no der déidlecher Schéisserei zu Krakau vun Terror aus. Beim Mann dee geschoss huet a sechs Leit ëmbruecht hat, géif et Indicen op eng ganz radikal Gesënnung ginn. Alles géing drop hindeiten, dass de 24 Joer alen polnesche Staatsbierger vu rietsextremen Ideologien faszinéiert, gewiescht wär, esou heescht et aus dem polneschen Inneministère. Déi genee Hannergrënn mussen nach gekläert ginn.

E Samschdeg den Owend waren dräi weider Läiche beim presuméierten Täter doheem fonnt ginn. Den Autoritéiten no handelt et sech dobäi ëm d'Elteren an d'Schwëster vum Verdächtegen.

An der Alstad hat hien dunn aus engem Auto eraus op Passante geschoss. Déi sechs Doudesaffer sinn tëscht 32 an 61 Joer al. Op mannst 16 weider Leit goufe blesséiert, dorënner eng Dosen liewensgeféierlech. Ënnert den Affer sinn dem polneschen Inneministère no och Auslänner, respektiv Touristen. E Britt ass ëm d'Liewe komm. Ee blesséiert Affer kënnt aus Däitschland, anerer aus Groussbritannien, Portugal an Éisträich.

Op der Faart aus der Bannestad eraus gouf de presuméierten Täter vun der Police gestoppt. Zwee Beamten goufe liewensgeféierlech blesséiert. De polnesche Premier Donald Tusk schwätzt vun Helden. Ee vun hinnen huet eng seele Bluttgrupp a géif ëm säi Liewe kämpfen. D'Populatioun ass appelléiert fir hien Blutt ze spenden.

Och de presuméierten Täter gouf ugeschoss an an d'Spidol bruecht.

Back to Top
CIM LOGO