Virworf vu MëssbrauchDe Parquet vun Tréier ermëttelt géint CBD-Shoppen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet vun Tréier matdeelt, wieren an 3 Fäll a Shoppe CBD-Produite verkaaft ginn, déi ausschliisslech als But hunn, fir Clienten en Rausch ze ginn.

De Parquet vun Tréier ermëttelt am Moment an 3 Fäll géint Betriber, déi mat Cannabidiol, respektiv CBD-haltege Produite gehandelt hunn. Hei dréit et sech ëm Head-Shoppen an e Betrib aus der Gastronomie.

Ma wat gëtt de Beschëllegte genee virgehäit? De concernéierte Betriber gëtt virgehäit, an de Geschäfter an och iwwer Internetsäite CBD-halteg Substanze verkaaft ze hunn, déi aus Bléie bestinn oder mat Hëllef vu Bléien hiergestallt goufen, déi en THC-Gehalt (Tetrahydrocannabinol) vun tëscht 0,08 an 0,15% enthalen. An engem Fall si Produiten iwwert en Automat verkaaft ginn.

Wann ee sech d’Gesetzeslag an Däitschland ukuckt, besteet hei op den éischte Bléck kee Problem, well den THC-Gehalt am Produit ënnert der gesetzlecher Norm vun 0,2% läit. Och d’Geschäfter, déi dëse CBD verkaaft hunn, waren der selwechter Opfaassung an hunn dohier de Produit als eng legal Substanz verkaaft, déi net ënnert dem “Betäubungsmittelgesetz” an Däitschland verbuede sinn.

Ma et gëtt awer och nach en 2. Punkt am Gesetzestext, deen de Verkaf, deemno wéi d’Situatioun ass, kéint illegal maachen. No der Opfaassung vum Parquet vun Tréier, schwätzt een awer hei vun engem Rauschmëttel, dat ausschliisslech fir de Konsum ugebuede gëtt. Well déi Beschëllegt heivir awer keng Erlaabnis hunn, esou Produite fir de Konsum ze verkafen, besteet dem Parquet no de Verdacht, sech engem illegalen Handel strofbar gemaach ze hunn.

An effektiv ass dëst och esou am “Betäubungsmittelgesetz” (BtMG) festgehalen a kann dohier esou och interpretéiert ginn:

Das BtMG enthält allerdings eine Ausnahmeregelung, nach der Cannabispflanzen und -pflanzenteile (u.a.) dann nicht unter das BtMG fallen,

  • wenn es sich um sogenannten EU-Nutzhanf handelt (der aus einem Anbau in der EU mit zertifiziertem Saatgut von bestimmten Sorten stammt) oder wenn ihr Gehalt an Tetrahydrocannabinol (THC) 0,2 Prozent nicht übersteigt

und

  • wenn der Verkehr mit ihnen ausschließlich gewerblichen oder wissenschaftlichen Zwecken dient, die einen Missbrauch zu Rauschzwecken ausschließen.

Et ass also sou, dass de Verkaf vu Cannabisbléie mat engem THC-Gehalt ënner 0,2% nëmmen dann erlaabt ass, wann et exklusiv fir kommerziell an/oder wëssenschaftlech Zwecker geduecht ass an net reng fir de Konsum, deen dann e Rausch-Effekt ausléise soll. Et ass also erlaabt, de Cannabis ze verkafen, fir beispillsweis Stoffer, Seeler oder Kosmetik hierzestellen, eleng de Verkaf fir de Konsum vu senge Clienten ze decken, ass awer illegal.

En Donneschdeg sinn op Uerder vum Parquet déi betraffe Shoppen an de Restaurant duerchsicht ginn. Well e Proprietär och Geschäfter zu Heidelberg, Kassel a Bonn huet, goufen och dës Shoppen duerchsicht. Produiten, déi Cannabisbléien enthalen hunn, goufe confisquéiert a ginn elo ënnersicht. Och d’Automate goufe confisquéiert.

Gréiwemaacher, Iechternach, Wolz

Zu Lëtzebuerg gëtt et och esou CBD-Automaten, ënnert anerem zu Wolz, awer och zu Iechternach an zu Maacher. (Merci deene User, déi eis dat matgedeelt hunn.)

No Lëtzebuerg och elo zu Tréier - Automat fir legal Cannabisproduiten

Back to Top
CIM LOGO