Finanzminister solle sech eens sinnDe Wee fir eng gemeinsam europäesch Bourssen-Opsiicht ass fräi

AFP, iwwersat vun RTL
Den Accord gesäit fir, dass déi Europäesch Aktien- a Marchés-Opsicht weider Kompetenze kritt.
De Bedreiwer vun der Paräisser Bourse Euronext soll an Zukunft ënner Opsiicht vun der Esma falen.
© JEAN-MICHEL DELAGE/Hans Lucas via AFP

D'EU-Staaten hu sech op d'Ariichte vun enger gemeinsamer Bourssen-Opsiicht gëeenegt. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, géif en Accord stoen an d'Finanzminister solle schonn e Freideg zu Lëtzebuerg zoustëmmen.

Den Accord gesäit vir, dass déi Europäesch Aktien- a Marchés-Opsicht Esma zu Paräis weider Aufgabe kritt a fir dës och mat méi Moyenen equipéiert gëtt.

D'Esma huet bis ewell haaptsächlech d'Aarbecht vun den eenzelen nationale Finanz-Opsiichtsagencë koordinéiert. D'EU-Kommissioun hat zejoert eng Reform vun der Agence proposéiert. Niewen enger eenheetlecher europäescher Opsicht soll et och en Ofbau vu Reegelen a Barrièren tëscht den EU-Länner am Beräich vun de Kapitalmäert ginn.

Wéi et aus Diplomatekreesser heescht, géif d'Eenegung, déi et gëtt, virgesinn, dass d'Esma an Zukunft och Boursse-Plattformen, Clearing-Agenturen, Depositäre vu Wäertpabeieren an Acteuren aus dem Domän vun de Kryptowärunge kontrolléiert.

D'Deutsche Börse, déi d'Bourse zu Frankfurt geréiert, wäert net ënnert den erweiderten Zoustännegkeetsberäich vun der Esma falen. Kritiker reprochéiere Berlin dowéinst d'Reform vun der Agence ze schwächen an esou zu enger neier Fragmentéierung vun der Eurozon bäizedroen. Vun däitscher Säit heescht et als Argument, dass d'Deutsche Börse anescht ewéi Euronext – de Bedreiwer vun de Bourssen zu Paräis a Mailand – keng grenziwwerschreidend Reechwäit hätt, an dowéinst net ënner d'Opsiicht vun der Esma misst falen.

Nodeems den Accord vun de Finanzministeren approuvéiert gouf, mussen d'Detailer tëscht dem Conseil an dem EU-Parlament ausgehandelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO