
Och Pompjeeën an aner Rettungsleit. Dat hat jo am Virfeld fir vill Protester gesuergt.
Anescht wéi vun der Regierung proposéiert, riskéieren Impf-Verweigerer an deene Beruffer awer keng Entloossung, mä si kréien awer keng Pai.
De Pass sanitaire, dat ass de franséische CovidCheck: Vun August u gëllt deen och a Caféen a Restauranten an an den Zich, déi méi wäit fueren, a bei den Dokteren, ausser an den Urgencen. D’Akafszentere sinn net zeréckbehale ginn. Kanner tëscht 12 a 17 fale bis Enn September och net drënner.
A Kinoen, Theateren oder Muséeë muss een elo schonn noweisen, ob ee geimpft, getest oder geheelt ass.