
Am Venezuela ass d’Delcy Rodriguez e Méindeg den Owend offiziell als Iwwergangspresidentin vereedegt ginn. Si huet dofir am Parlament en Eed ofgeluecht a gläichzäiteg d’Entféierung vum President Maduro duerch d’USA schaarf kritiséiert. Hien a seng Fra géifen als Geisele gehale ginn. Dat gesäit een zu Moskau an zu Peking änlech.
Am UNO-Weltsécherheetsrot, deen e Méindeg den Owend fir eng Drénglechkeetssëtzung beienee koum, hu Russland a China vun den USA verlaangt, dass d’Presidentekoppel direkt nees misst fräigelooss ginn.
De Maduro selwer stoung jo och e Méindeg eng éischte Kéier zu New York viru Geriicht an huet vu sech gesot, datt hien onschëlleg ass. Hie géif sech selwer och weiderhin als de Staatschef vu Venezuela gesinn. Zu Caracas hunn dausende vu Leit fir seng Liberatioun manifestéiert.