
An den USA klëmmt dowéinst elo d’Suerg wéinst der staarker Hausse vun Neiinfektiounen.
D’CDC-Direktesch Walensky huet an engem Interview mat der New York Times erkläert, dass d’Delta-Variant nach éischter an der Lag wier, och geimpfte Leit unzestiechen.
Aus enger Studie, déi d’Agence CDC virun enger Woch publizéiert huet, geet och ervir, dass geimpfte Leit, déi mat der Delta-Variant infizéiert sinn, och eng héich Viruslaascht a sech hunn an doduerch och ustiechend fir aner Leit sinn.
D’Zuele géingen awer weisen, dass de Vaccin géint schwéier Verleef, sou wéi och virun enger Hospitalisatioun schützt.
Déi genannte Studie huet 469 Residenten aus Massachusetts erfaasst, déi sech am Juli bei groussen Evenementer mam Coronavirus ugestach haten. Dovunner waren 346 Persounen, also 74%, komplett geimpft. Vun dëse Fäll ënnert geimpfte Leit hunn 79% uginn, dass si Symptomer haten.
Ausserdeem hunn d’Fuerscher bei der Etüd vun dësem Cluster erausfonnt, dass 127 komplett geimpfte Persounen an déi aner 84 net vaccinéiert Leit eng änlech Viruslaascht haten.
Aus dëse Grënn recommandéiert d’CDC nees och de Leit, déi geimpft sinn, eng Mask unzedoen, op Plaze wou d’Inzidenz héich ass. Dës Recommandatioun war an den USA fir vaccinéiert Leit u sech opgehuewe ginn.
