
U sech ass d’Presidentschaft vum Donald Trump den 20. Januar eriwwer a gëtt vum Joe Biden iwwerholl, ma eng entspriechend Resolutioun soll elo awer dofir suergen, dass den US-President éischter aus sengem Amt gehuewe gëtt.
D’Demokraten hunn och wëlles, dass den nach-President fir zukünfteg Regierungsposten ausgeschloss soll ginn. Eng Kandidatur fir d’US-Walen 2024 wier an deem Fall net méi méiglech, sou dass d’Prozedur den Demokraten no méi wier, wéi just e symbolesche Schratt fir d’Geschichtsbicher.
Mat der Resolutioun, déi elo op de Wee bruecht gouf, ass dëst dann och elo schonn déi zweete Kéier, dass probéiert gëtt, den US-President Trump vu sengem Amt ze enthiewen. Den demokratesche Parlamentarier Ted Lieu huet dëst och op Twitter matgedeelt. De Lieu war zu groussen Deeler un der Resolutioun bedeelegt, déi den Trump wéinst “Ustëftung wéinst Oprou” soll ofsetzen.
D’Demokrate kontrolléiere jo d’Representantenhaus a kënne mat enger Majoritéit Uklo-Punkte géint de President beschléissen. Eng Ofstëmmung soll nach dës Woch sinn, dono muss de Senat sech domadder befaassen. Ma do gëllt eng Decisioun virum 20. Januar awer fir quasi onméiglech.
Den Donald Trump ass iwwregens domadder deen éischten US-President an der US-Geschicht, géint deen direkt 2 Mol eng Impeachment-Prozedur lancéiert gouf.
D’Verurteelung géint den Trump brauch eng Zweedrëttelmajoritéit am Senat an ass éischter onwarscheinlech och wann bei de Republikaner ëmmer méi Leit dem US-President de Réck kéieren. Bei senger éischter Impeachment-Prozedur haten d’Republikaner den Trump am Senat ufanks 2020 fräigeschwat.
Konsequenze vun der Attack: Den Drock gëtt méi grouss, fir den Trump lass ze ginn