
D’Konsequenze vun der Attack op d’Parlament zu Washington lescht Woch doen awer weider vu sech schwätzen. Dat, well esouwuel déi politesch Oppositioun, wéi och déi sozial Netzwierker an ëmmer méi grouss privat Entreprisë sech ëffentlech géint de President stellen, deen eleng an de leschte Méint ëmmer erëm zu Gewalt opgeruff huet.
Nodeems Twitter dem President säi private Kont jo definitiv gespaart huet an hien op d’mannst bis zum Enn vu sengem Mandat och net méi bei Facebook an Instagram dierf posten, hunn dem Donald Trump seng Aussoen elo och Konsequenzen op e weidert soziaalt Netzwierk. An zwar op dee konservative Reseau “Parler”, deen an de leschte Méint ëmmer méi vun Trump-Supporter genotzt gouf, well Facebook an Twitter dem President seng Noriichte méi streng iwwerwaacht hunn. Dësen ass bis ewell iwwert d’Servere vun Amazon gelaf. Dat refuséiert d’Entreprise awer elo. An engem Bréif un d’Bedreiwer vun der App erkläert Amazon, dass eleng an de leschte Woche bal 100 Messagen online gaange wieren, an deene kloer zu Gewalt opgeruff gi wier.
Domat missten d’Bedreiwer vun der App elo ganz vu vir ufänken, fir hir Plattform bei engem anere Service wéi Amazon erëm opzebauen, wat wuel bis zu enger Woch kéint daueren, wéi hire CEO an engem ëffentleche Message erkläert.
D’Annonce vun Amazon kënnt iwwerdeems nëmme kuerz nodeems Apple schonn erkläert hat, dass si d’Applikatioun aus hirem App-Store geheien. Dat well “Parler” déi allgemeng Konditioune vun Apple net respektéiert hätt, andeems net verhënnert gi wier, dass geféierlechen an illegale Contenu sech iwwert hir Plattform verbreet hätt.
Dat selwecht gëllt iwwerdeems fir Google, déi d’App och aus hirem Google-Play-Store erausgeholl hunn.
Ma d’Konsequenze vun der Attack lescht Woch ginn och fir den Donald Trump nach vill méi wäit. Net nëmmen déi sozial Netzwierker dréinen him de Réck, ma och aner Entreprisë wëllen net méi fir hie schaffen.
Den amerikanesche Wall Street Journal mellt zum Beispill, dass den Online-Bezuelungsdéngscht Stripe opgehalen huet, Payementer fir dem President seng Campagne-Website ze verschaffen. D’Entreprise, déi weltwäit Payementer fir Millioune vun Online-Betriber verschafft, erkläert, dass si kee Betrib géifen ënnerstëtzen, dee Gewalt géif encouragéieren.
Ma och d’Vertrieder vum Trump sengem léifsten Hobby, déi amerikanesch Associatioun vun de professionelle Golfspiller, wëll näischt méi mam President ze dinn hunn. Si organiséiert ee vun deene véier gréisste Golf-Turnéieren an huet elo annoncéiert, dësen 2022 net wéi geplangt um Trump sengem Golf-Terrain zu New Jersey ofzehalen. Dat géif dem Image vum Tournoi an der Associatioun selwer ze vill schueden.
Op politeschem Plang mécht d’Presidentin vum House of Representatives, Nancy Pelosi, weider Drock op de Vizepresident Mike Pence. Hie soll dofir suergen, dass den Donald Trump mat Effet immediat als President ofgesat gëtt, well dësen aktuell net capabel wier, säi Mandat z’erfëllen.
De Mike Pence refuséiert bis ewell allerdéngs dee Schrëtt ze goen. An deem Fall géifen d’Demokraten op en Neits eng sougenannt Impeachment-Prozedur lancéieren, wéi d’Nancy Pelosi an engem Interview mat CBS News erkläert.
Am House of Representatives kéint dës Prozedur och nach gestëmmt ginn. Ëmmerhin hunn hei d’Demokraten d’Majoritéit an och eng Rei Republikaner hunn annoncéiert, si z’ënnerstëtzen. Allerdéngs ass dee finale Vott am Senat, wou och d’Demokraten d’Majoritéit hunn an zwee Drëttel vun de Senateure missten dofir stëmmen.
RTL-NEWS: Demokrate wëllen nei Impeachment-Prozedur géint Donald Trump aleeden