Ëm iwwer 25% geklommenDepressiounen a Panikattacke ginn ëmmer méi heefeg

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus enger Etüd ervir, déi an der Fachzäitschrëft "The Lancet" publizéiert gouf.

Depressiounen a Panikattacke ginn ëmmer méi heefeg. Am éischte Joer vun der Corona Pandemie ass d’Zuel vun de Fäll ëm méi wéi 25 Prozent an d’Luucht gaangen.

Dat geet aus enger Etüd ervir, déi an der Fachzäitschrëft “The Lancet” publizéiert gouf.
An där Etüd heescht et, datt an 246 Millioune Fäll Depressiounen diagnostizéiert goufen an an 374 Millioune Fäll Angschtzoustänn.

Et gëtt och festgestallt, datt Fraen däitlech méi dacks betraff si ewéi Männer. D’Fuerscher féieren dat drop zeréck, datt déi gesondheetlech a sozial Ongläichheeten duerch d’Moossnamen, déi an der Pandemie geholl goufen, méi grouss goufen.

D’Fraen hätten zum Beispill majoritär d’Betreiung vun de Kanner iwwerholl a wieren och däitlech méi dacks vu Gewalt am Stot viséiert. E Phenomen, deen och wärend der Pandemie däitlech an d’Luucht goung, esou d’Fuerscher.

Back to Top
CIM LOGO