Rennstreck Spa-FrancorchampsDirektesch Nathalie Maillet gouf zu Gouvy ermort, 2 weider Läiche goufe fonnt

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass d'Familljendrama direkt nieft Lëtzebuerg zu Gouvy, wuel beim Affer doheem am Familljenhaus. Am Ganze sollen 3 Persounen dout opfonnt gi sinn.​

D’Nathalie Maillet, d’Direktesch vun der bekannter Rennstreck Spa-Francorchamps, gouf dout an hirer Wunneng opfonnt, déi an der Province de Luxembourg ass, méi genee zu Gouvy. Och d’Läich vun 2 weidere Persoune goufe fonnt. Rieds geet belsche Medien no vun hirem Mann an der Maîtresse vum Nathalie Maillet.

D’Direktesch gouf e Sonndeg de Moien um Circuit erwaart, dat fir d’Rallye d’Ypres am WCR. Wéi si hei net opgedaucht ass, goufe Recherchen an d’Weeër geleet. De Kierper gouf schlussendlech am Familljenhaus an der Province de Luxembourg fonnt, sou steet et an de belsche Medien.

D’Buergermeeschtesch vu Gouvy, d’Véronique Léonard, huet erkläert, dass si géint 2.30 an der Nuecht iwwert en duebele Mord an engem Suicide informéiert gouf.

D’Evenementer waren net wäit ewech vun der Lëtzebuerger Grenz, eng 8 Kilometer vun Huldang.

Back to Top
CIM LOGO