Queen's SpeechD'Kinnigin Elizabeth II. huet déi nei Parlamentssessioun opgemaach

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Queen déi nei Parlamentssessioun opgemaach. Et war den 1. ëffentlechen Optrëtt zanter dem Begriefnis vum Prënz Philip.
© POOL/AFP/Eddie MULHOLLAND

All Joer hält déi brittesch Monarchin eng Ried am Parlament a geet dobäi op d’Pläng vun der Regierung an. D’Zeremonie war dëst Joer awer manner pompös wéi gewinnt.

Fir déi 95 Joer al Queen Elizabeth II. war et elo schonn déi 66. Kéier. Mat der “Queen’s Speech gëtt jo traditionell dat neit parlamentarescht Joer am Londoner Regierungsvéierel Westminster opgemaach.

© AFP/John SAEKI

Fir d’Regierung ass d’Ried vun der Queen eng Chance, der Populatioun hiren Agenda matzedeelen - déi iewescht Ministere bereeden d’Usprooch nämlech vir. Dëst Joer goung et virun allem ëm d’Pläng vun der konservativer Regierung vum Boris Johnson zur Erwuessebildung an zu Erliichterunge fir Hausbauer. “D’Prioritéit vu menger Regierung ass et, eng national Erhuelung vun der Pandemie erbäizeféieren, an d’Vereenegt Kinnekräich méi staark, gesond an erfollegräich ze maache wéi virdrun”, sot d’Kinnigin dem Parlament an der Ried vun der Regierung.

Bis 2050 wëll Groussbritannien klimaneutral sinn. Dofir solle gesaten Ëmweltziler gesetzlech festgehale ginn. D’Regierung wëll och a gréng Industrien investéieren. D’Séchere vun de Grenzen an d’Verschäerfe vun den Awanderungsreegele ware weider Themen.

Donieft wëll déi brittesch Regierung zukünfteg Konversiounstherapië géint Homosexualitéit verbidden. Déijéineg an der LGBT-Gemeinschaft, déi sech esou enger Zwangsbehandlung ënnerzunn hunn, solle méi Ënnerstëtzung kréien.

Well d’Queen an hirer Ried keng politesch Meenung ausdréckt, mä en Entworf vun der Regierung virliest, huet si 2017 musse bekannt ginn, wéi Groussbritannien de “Brexit zu engem Erfolleg” maache wéilt. Hiren deemolege Kostüm an den Europa-Faarwen war iwwerdeems als klore Statement gedeit ginn. Si hat e bloen Hutt mat giele Blummen un, deen un den europäesche Fändel erënnert huet. D’Kroun, déi si soss ëmmer gedroen huet, gouf symbolesch nieft hir placéiert.

© AFP/JUSTIN TALLIS

Opgrond vun der Coronapandemie waren dëst Joer nëmme 74 Leit am Haaptsall bei der Zeremonie zougelooss. Weider 34 Deputéierte konnten d’Ried an enger Galerie nolauschteren. Jiddereen huet missen en negative Coronatest hunn. Wärend dem Evenement si Maske gedroe ginn. Am Groussen a Ganze war alles manner glamouréis wéi soss. D’Monarchin hat och drop verzicht, an hirer gëllener Kutsch virzefueren, an och d’Kroun hat si net opgesat. Si koum mam Auto a gouf vun hirem Fils, dem Prënz Charles begleet. Bis zu sengem Réckzuch aus der Ëffentlechkeet am Joer 2017 war ëmmer de Prënz Philip bei dësem Evenement un hirer Säit.

Back to Top
CIM LOGO