
No de rezente géigesäitegen Attacken tëscht dem Iran an Israel huet den US-President Donald Trump mam israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu telefonéiert. Dat huet e Mataarbechter vum Wäissen Haus der Noriichtenagence AFP confirméiert, ouni allerdéngs weider Detailer iwwert den Inhalt vum Gespréich ze nennen.
D'Telefonat kënnt zu engem Zäitpunkt, op deem d'Relatioun tëscht béide Politiker ugespaant ass. Ënnert anerem huet den Donald Trump de Benjamin Netanjahu an engem anere rezenten Telefonat tëscht béiden als verréckt bezeechent.
Den Iran huet um Sonndegowend Israel mat Rakéiten attackéiert, wouropshin Israel sengersäits an der Nuecht op e Méindeg mat Géigenattacke reagéiert huet.
"Israel an den Iran mussen direkt ophale mat Schéissen", huet et um Méindeg vum Donald Trump op dësem senger Social-Media-Plattform Truth Social geheescht.