Iran-KrichDen Iran bestätegt Rakéitenattacken op Israel, déi éischt zanter engem wackelege Waffestëllstand Ufank Abrëll

RTL Lëtzebuerg
D'Ofwiersystemer an Israel sinn am Asaz, fir Rakéitenattacken aus dem Iran ofzewieren.
© KAWNAT HAJU/AFP

Um Sonndeg den Owend mellt d'israeelesch Arméi, dass aus dem Iran géif mat Rakéiten op Israel geschoss ginn. D'Ofwiersystemer sinn am Asaz, fir d'Rakéiten ofzefänken, esou e Spriecher vum israeelesche Militär.

Et ass deen éischten esou Ugrëff zënter engem wackelege Waffestëllstand am Abrëll.

Den Iran huet bestätegt, zwou Wellen u Rakéite lancéiert ze hunn, déi zweet huet d'Zentrum vun Israel viséiert. Teheran hat Revanche ugekënnegt nom israeeleschen Ugrëff op Viruerter vu Beirut. Israel seet, dat wier eng Äntwert op Beschoss aus dem Norden duerch d'Hisbollah gewiescht.

De Loftugrëff op Beirut koum just e puer Deeg no engem Waffestëllstandsofkommes tëscht dem Libanon an Israel, dat vun den USA vermëttelt gouf – obwuel d’Hisbollah et ofgeleent huet. Dobäi sinn zwou Persounen ëm d'Liewe komm an 20 goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO