
Bei der Auditioun zu New York huet de Riichter Juan Merchan géint den Trump eng sougenannt “unconditional discharge”, als eng Stroffräiheet, verhaangen, mat där de Fall ouni Prisong- oder Geldstrof an ouni Sursis ofgeschloss, déi juristesch Schold vum Verurteelten awer festgestallt gëtt.
Mat der symbolescher Strof - eng seele genotzt Rechtskonstruktioun - bleift et dobäi, datt den designéierte President den 20. Januar säin Amt als Verurteelten untriede wäert. “Ni virdru war dëst Geriicht mat enger esou eenzegaarteger a bemierkenswäerter Situatioun konfrontéiert”, huet de Merchan weider betount. “Déi eenzeg rechtméisseg Strof, déi eng Verurteelung erlaabt, ouni dat héchst Amt vum Land ze stéieren, ass eng bedéngungslos Stroffräiheet”, huet hie seng Decisioun begrënnt.
Den Donald Trump huet misse bei der Annonce vum Strofmooss dobäi sinn, duerft awer per Video bäigeschalt ginn. “Dëst war eng immens schrecklech Erfarung. Ech denken, et war en enorme Réckschlag fir New York an den New Yorker Geriichtssystem”, sot den Trump, éier de Merchan d’Strofmooss ugekënnegt huet. Dat Ganz wier eng “Schan”. De Prozess wier gefouert ginn, “fir mäi Ruff ze schiedegen, fir datt ech d’Wal verléieren, an offensichtlech huet dat net funktionéiert”.
Den Donald Trump war am Prozess am Mee vum Jury a 34 Uklopunkte schëlleg gesprach ginn, e Geschäftsdokument gefälscht ze hunn, fir ze vertuschen, datt hie Schweigegeld an Héicht vun 130.000 Dollar un déi fréier Pornoactrice Stormy Daniels bezuelt huet.
Et ass déi éischt Kéier, datt e Verurteelten, dee fir d’Amt vum President kandidéiert huet, elo an d’Wäisst Haus plënnert. D’Reprochë géint den Trump hätten och zu enger Verurteelung zu enger Prisongsstrof kënne féieren.
RTL-News (14.5.24): Trump-Prozess: Ex-Affekot Cohen schwätzt iwwer Schweigegeld, dat bezuelt gouf
RTL-News (7.5.24): Geriichtsprozess géint den Donald Trump: D’Actrice Stormy Daniels huet ausgesot
RTL-News (31.3.23): Fall Stormy Daniels: Historesch Uklo géint fréieren US-President Donald Trump