Wéinst Manktem u politeschem Wëlle hätt sech d’Covid-Situatioun a Brasilien dramatesch zougespëtzt, dat sot d’Hëllefsorganisatioun Médecins sans Frontières. D’Pandemie huet dat gréisste Land a Südamerika fest am Grëff.
D’Katastroph ass hausgemaach a Brasilien. Si geet zréck op d’Inkompetenz vum Leadership vum Rietspopulist Jair Bolsonaro an op d’Inkonsequenz vu sengem Krisemanagement, an deem d’Populatioun bewosst irgefouert gouf, fir den Eescht vun der Krankheet z’ënnerschätzen. D’Autoritéiten hu Messagen erausginn, déi komplett widderspréchlech waren, kritiséiert den Dr. Christos Christou, President vun MSF.
Des Krankheet muss vun den Autoritéiten Eescht geholl ginn. D’Leit hunn d’Hoffnung verluer a si brauchen Hëllef. Et gëtt keng national oder zentral koordinéiert Äntwert op des Pandemie. All d’Preventioun, vun där mer gesinn hunn, dass se funktionéiert, wéi e Limitéiere vun onnéidegem Reesen, Masken droen, Ofstand halen, an op d’Hygiène oppassen, ginn den Ament a Brasilien net implementéiert.
D’COVID-19-Pandemie a Brasilien ass déi déidlechst weltwäit no den USA a nach virun Indien den Ament. Nom Stand vun der leschter Woch war ee Véierels vun allen Doudesaffer vu SARS-CoV-2 weltwäit a Brasilien.
No méi wéi engem Joer an dëser COVID-19-Pandemie huet d’Feele vun enger Äntwert a Brasilien zu enger mënschlecher Katastroph gefouert. All Woch erreeche mer en neien, battere Rekord vun Doudegen an Infizéierten. D’Spideeler lafen iwwer an nawell gëtt et keng koordinéiert, zentraliséiert Äntwert. D’Gesondheetspersonal ass physesch, mental an emotional um Enn.
A nawell muss d’Police wärend enger brutaler zweeter Well am Land, illegal Partien opléisen. De Bolsonaro ass géint Confinementer a Masken an huet eréischt rezent missen agesinn, dass impfen eng méiglech Léisung wier. Am Endeffekt huet d’Versoe vum gesonde Mënscheverstand a Brasilien Liewe kascht.
