Originne vum CoronavirusD’Theorie vun enger méiglecher Fuite aus dem Labo misst eescht geholl ginn

Petz Bartz
Dat seet de Mikrobiolog David A. Relman vun der Stanford University. Et wier keng Konspiratiounstheorie, iwwerall goufen et scho Labo-Accidenter.
Originne vum Coronavirus
D’Theorie vun enger méiglecher Fuite aus dem Labo misst eescht geholl ginn, esou den David A. Relman.

Enquêteure vun der Weltgesondheetsorganisatioun hate 4 Wochen a China verbruecht fir um Enn zu der Conclusioun ze kommen, dass de Coronavirus méiglecherweis vu Fliedermeis op de Mënsch iwwerdroe gouf, an dass et “extrem onwarscheinlech” wier, dass en aus engem Labo erauskomm wier. Weltwäit gleewen awer ëmmer manner Wëssenschaftler där Aschätzung.

Et ginn déi kéngste Virstellunge vun den Originne vum SARS-CoV-2, dorënner extrem abstrus Konspiratiounstheorien, déi zum kollektive Kapprësele verleeden. D’Theorie awer, dass de Virus aus engem Labo entwutscht wier, ass keng Konspiratiounstheorie – et wor ni eng. Si gouf als Hypothees just ëmmer konsequent vu China ausgeschloss, well een, absënns zu Beijing, net d’Gewunnecht huet Feeler liichtfankeg zouzeginn.

David A. RELMAN – Stanford University, Kalifornien: Fir d’éischt emol ass déi nooste Famill vun deem Virus do Dausende Kilometer wäit ewech ze fanne vun do wou en opgetaucht ass. Zweetens gëtt et déi gréisste Sammlung vu Coronavire vu Fliedermais genee do, wou d’Pandemie ugefaangen hat. Drëttens si bis ewell an all de sécherste Laboen an der Welt, och hei an den USA, Accidenter geschitt. Iwwerall goufen et scho Labo-Accidenter. Feeler si mënschlech. Et ass absolut rationell ze denken, dass et en Accident gouf. A véiertens gouf an dësem Labo u Coronavire vu Fliedermais geschafft, an et ass wichteg déi ze verstoen, mä et ass net ouni Risk.

D’Méiglechkeet vun enger Fuite aus engem Labo misst/sollt eescht geholl, op d’mannst bis se wëssenschaftlech widderluecht wier, sou international Wëssenschaftler, déi sech dogéint striewen den eesäiteg-formuléierten a vu China gebotzte Rapport vun der WHO fir boer Mënz ze huelen.

Wa mer vun der Méiglechkeet vun engem Accident am Labo schwätzen, dann heescht dat net, dass et Absicht gouf. Mir schwätzen och net vum Erschafe vun engem neie Virus. Et wor méiglecherweis ganz einfach e Labo, dee Virusse geziicht huet vu Fliedermais, fir Analysen a wou kengem bewosst wor, dass den deemools nach onbekannte SARS-CoV-2 drënner wor. Si hunn déi verschidde Prouwen normal manipuléiert, sou wéi mir et och gemaach hätten. Awer si wore vläicht net virsiichteg genuch, hu sech infizéiert an ouni direkt Symptomer zu hunn, hu se de Virus aus dem Labo erausgedroen. Den Zenario ass net onbedéngt béiswëlleg oder nidderträchteg.

Wat weiderhin awer eng oppe Fro bleift, ass wéini déi presuméiert Fuite aus engem Labo zu Wuhan da gewiescht soll sinn. Bis elo goung ee vun Enn Dezember 2019 aus – doduerch wier d’Presenz vum Virus Méint virdrun an Europa awer nach net explizéiert. Nieft den Originne bleift deemno och d’Chronologie vun der Pandemie z’iwwerdenken.

Back to Top
CIM LOGO