LoftverschmotzungDuerch d'Lockdowns huet sech d'Situatioun verbessert

RTL Lëtzebuerg
Experten no huet d'Loftverschmotzung d'lescht Joer wéinst de weltwäite Corona-Lockdowns op d'mannst fir kuerz Zäit a 84% vun de Länner ofgeholl.

Doduerch wieren zéngdausende virzäiteg Doudesfäll wéinst verknaschter Loft verhënnert ginn, huet d’Lauri Myllyvirta vum Centre for Research on Energy and Clean Air (CREA) erkläert. Un der Etüd war och déi Schwäizer Entreprise IQAir bedeelegt.

Dem Bericht no huet sech d’Loftqualitéit d’lescht Joer a 84% vun de Länner verbessert. Dat gëllt och fir vill Groussstied. Zu Beijing ass d’Belaaschtung ëm 11%, zu Chicago ëm 13%, zu Nei Delhi ëm 15% an zu London a Seoul ëm 16% erofgaangen.

Eng Ausnam gouf et an den USA, do ass d’Belaaschtung nämlech ëm 6,7% geklommen. Dat soll op déi massiv Bëschbränn a Kalifornien zréckzeféiere sinn. Och a Südamerika an Australien hu Bëschbränn zu méi héijer Verschmotzung gefouert.

Déi am stäerksten duerch Loftverknaschtung belaaschte Länner waren 2020 Bangladesch, Pakistan, Indien, d’Mongolei an Afghanistan.

Back to Top
CIM LOGO