Emmanuel Macron"D'Ukrain kann op Frankräich, déi europäesch Partner an op d'Alliéiert zielen"

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet verséchert, datt d'Alliéiert Kiew, virun allem militäresch, esoulaang ënnerstëtzen wéi et néideg ass.

Kuerz virun 22.30 Auer gouf den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e Mëttwoch den Owend zu Paräis vu sengem franséischen Homolog Emmanuel Macron an dem däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz am Elysée empfaangen.

Ier sech déi 3 Politiker fir Gespréicher zeréckgezunn hunn, gouf et eng kuerz Pressekonferenz.

Do huet virop den Emmanuel Macron ënnerstrach, datt Kiew an dësem Krich net eleng do steet.

“D’Ukrain kann op Frankräich, déi europäesch Partner an op d’Alliéiert zielen, fir de Krich ze gewannen. Russland kann an dierf net gewannen. Soulaang Russland attackéiert, ass et néideg, datt mer mat der néideger Militärhëllef virufueren a se upassen, fir d’Ukrain a seng Zukunft ze erhalen. Mir fueren domadder virun, Verdeedegungsmaterial ze liwweren, esou wéi mer dat och an deene leschte Woche gemaach hunn. Den Owend schwätze mer iwwert déi operationell Besoine vun der Ukrain. Mir handelen ëmmer an Ofstëmmung mat eise Partner an eisen Alliéierten.”

Den ukrainesche President huet ënnerstrach, datt säi Land esou séier wéi méiglech schwéier Waffen a Fligere bréicht. Wat d’Ukrain déi méi séier géif kréien, wat de Krich méi séier eriwwer wier an Europa erëm kéint a Fridde liewen.

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet verséchert, datt d’Alliéiert Kiew, virun allem militäresch, esoulaang ënnerstëtzen wéi et néideg ass.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO