
Den Dwayne “The Rock” Johnson huet annoncéiert, keng echt Schosswaffe méi wärend Dréiaarbechten anzesetzen. Seng Produktiounsfirma “Seven Bucks Productions” wäert an Zukunft komplett dorop verzichten. Weder a Filmer, nach a Serië wäerte richteg Waffen an den Asaz kommen, sou den Hollywood-Star géintiwwert dem Magasinn “Variety”.
Wärend den Dréiaarbechte vum Western “Rust” huet den Alec Baldwin d’Kamerafra Halyna Hutchins duerch e Schoss déidlech verwonnt. De Regisseur Joel Souza gouf vun der Kugel un der Schëller getraff, awer net liewensgeféierlech blesséiert. De Revolver war mat enger schaarfer Patroun gelueden. Wéi et dozou komme konnt, ass den Ament nach net gewosst. Géintiwwer den Ermëttler huet de Regieassistent David Halls zouginn, net alleguerten d’Patrounen am Revolver iwwerpréift ze hunn, éier hien de Colt dem Baldwin iwwerreecht hat. Den Affekot vun der Waffemeeschtesch Hannah Gutierrez-Reed schwätzt iwwerdeems vun “Sabotage”. Am Gespréich mat NBC huet den Jason Bowles nämlech behaapt, dass déi Persoun, déi déi schaarf Patroun an de Pak vun den Attrappe geluecht hätt, de Filmset sabotéiere wollt.