EU-KanadaD’Welt am Wandel bréngt nei Allianze fir d’Zukunft

Jeannot Ries
Aus geopolitescher Siicht ass d'Welt, an där mer liewen amgaangen, sech konstant ze veränneren.

Politesch a wirtschaftlech Intresse gi méi ewéi jee vermëscht. Mam Resultat, dat Allianzen zerbriechen an neier entstinn.

Rezent huet d'Ursula von der Leyen, Kanada eng +Allianz fir d'Zukunft" virgeschloen. Kanada soll den éischten "Associéierte Member" vun der Europäescher Unioun ginn.

‘’Et ass eng Affaire de bon sens. Mir hu Schwieregkeeten, well mer handelspolitesch vun den Amerikaner ageengt ginn. Och duerch de Krich hu mer terribel schwéier Konsequenzen ze droen, deen elo mëttlerweil am Mëttleren Orient ass. An d'Europäesch Unioun muss hiren Espace économique a commercial ausdeelen. Also et ass normal, datt mer nei Partner sichen. ‘’ sou d’Reaktioun vum Lëtzebuerger Europa-Deputéierten Charles Goerens am RTL-Interview.

Iwwerdeems d’USA, Kanada de Réck dréien, stoussen d’Europäer d’Diere grouss op

D'lescht Joer huet Kanada net grad 72% vu senge Wueren an d'USA exportéiert. Eng Partnerschaft, déi den US-President mat senger Sanktiounspolitik a Fro stellt. Do dréit sech de kanadesche Premier Marc Carney eriwwer déi d'Nummer Zwee an der Handelsbilanz: d'Europäesch Unioun.

‘’Ech mengen, datt den Här Carney hei eng Propositioun gemaach huet, déi all Zesummenaarbecht opléist. Also un den Europäer fir ze reagéieren. Déi Kooperatiounsfelder, déi opgelëscht goufen, dat ass Accès vun den Europäer un d'Energie, Accès vun den Europäer u seltene Mineralien, d'Méiglechkeete vun Europa, fir um Niveau vun den Universitéite méi kloer a méi enk mat Kanada zesummen ze schaffen. Et ginn am Fong keng Grenzen.", sou de Charles Goerens weider.

E volle Bäitrëtt vu Kanada an d'EU ass op Basis vun den aktuelle Verträg net méiglech

D'Associéiert Memberschaft soll d'Dier méi wäit opstoussen, wéi fir Länner, déi Member vum Europäesche Wirtschaftsraum sinn, oder en einfachen Handelsaccord mat der EU hunn. Konkreet, steet awer nach näischt um Pabeier. Den neie Statut muss nach prezis definéiert ginn.
De Charel Goerens ka sech virstellen, jo wënscht sech et souguer, dat mer och enges Daags fräi a Kanada reese kënnen, wat da Member vum Schengeraum wier.

‘’Et ass e Land, wat iwwerhaapt kee Problem géing stellen, wann et géing, et ass en theoreetesche Fall, wëllen an d'Europäesch Unioun kommen. A wann d'Europäesch Unioun dat géing wëllen. Se wiere monetär prett fir eran ze kommen. Budgetär mengen ech, wier et kee Problem. Se hunn, wat de Respekt vun der Wäerter ubelaangt, déi selwecht Vue wéi mir. An och änlech Mechanisme fir déi anzehalen. Also et gëtt kee Partner am Rescht vun der Welt, deen esou no bei den Europäer politesch an och ideologesch ass wéi Kanada."

An awer gëtt den EU-Deputéierten eent ze bedenken. Déi associéiert Memberschaft wäert am Europaparlament net eestëmmeg duerchgewénkt ginn.
De Charles Goerens : ‘’ Do sinn alleguer déi, déi no beim Trump sinn, beim MAGA sinn, déi Putin-Flüsterer sinn oder Russland höreg sinn, déi waren net do. An déi si carrement dogéint. Well dat stäerkt natierlech dee Modell, dee si wëlle bekämpfen. Si wëllen déi vu banne bekämpfen a se kréie vun den Amerikaner Hëllef vu baussen, fir dat ze maachen. Also et si Resistenzen do, obschonn ech mengen, datt eng zolidd kritesch Mass do ass, fir op dee Wee ze goen, deen d'Madamm von der Leyen mam Carney ofgeschwat huet."

Wéi séier déi nei associéiert Memberschaft ofgeschloss ka ginn, steet nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO