RTL-Ekipp zu RoumE Mëttwoch ass et souwäit: de Successeur vum Poopst gëtt gewielt

RTL Lëtzebuerg
Zu Roum kommen 133 Kardineel fir de Konklav beieneen. Gewielt gëtt den Nofollger vum Poopst, deen op Ouschterméindeg am Alter vun 88 Joer verscheet ass.
Mëttwoch fänkt am Vatikan de Konklav un
Fir eis ass de Marc Hoscheid op der Plaz an hält eis um Lafenden, wéi d’Wal vum neie Poopst verleeft.

No enger feierlecher Mass sëtze vun e Mëttwoch un d’Kardineel an der Sixtinescher Kapell beieneen. Deen éischten Damp dierft et owes no engem éischte Waltour ginn.

Fir den neien, an ëmmerhi schonn 267. Poopst ze wielen, gëllt d’Zwee-Drëttel-Majoritéit, wat also op d’mannst 89 Stëmme sinn.

Fir RTL Lëtzebuerg suivéiert de Marc Hoscheid zu Roum de Konklav, natierlech ass et do d’Fro, mat wéi enge Chancen dann de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich an déi Poopst-Wal erageet?

Iwwregens, bei de leschten Editiounen huet et 2 bis 3 Deeg gedauert, bis e Successeur feststoung. E Mëttwoch ass also just een (éischte) Wal-Tour um Programm, déi Deeg duerno da si 4 Waltier geplangt: 2 moies an 2 mëttes - a mir sinn natierlech do mat dobäi.

RTL NEWS vum 6.5.25: Vu Mëttwoch u gëtt en neie Poopst gewielt - Fënnef Saachen, déi Dir warscheinlech nach net iwwer de Konklav wosst

Back to Top
CIM LOGO