SondageEen Drëttel vun den Däitsche wëll sech net impfe loossen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 1.000 Leit hu beim Sondage matgemaach. D’Skepsis ass besonnesch héich bei leeschtungs- an Erfollegsorientéierte Mënschen.

Iwwer 68.000 Mënsche sinn an Däitschland um oder mam Virus gestuerwen an awer gesi vill däitsch Bierger d’Impfunge kritesch. 34% wëlle kee Vaccin, seet eng representativ Ëmfro vun der Bertelsmann Stiftung, déi um Mëttwoch publizéiert gouf.

En Drëttel vun de Bierger wëll och keng Agrëffer an d’Fräiheetsrechter fir d’Pandemie ze bekämpfen.

Iwwer 1.000 Leit hu beim Sondage matgemaach. Besonnesch héich ass d’Skepsis bei Leeschtungs- an Erfollegsorientéierte Mënschen.

45% sinn awer och dovunner iwwerzeegt, datt d’Kris positiv Auswierkunge kann hunn – fir de Klimaschutz zum Beispill.

82% fannen och, datt d’Pandemie d’Noutwendegkeet vun engem déifgräifende Wandel vun der Gesellschaft kloer weist.

Back to Top
CIM LOGO