Däitsch CoifferenÉischt Clientë koume schonn um Hallefnuecht un d'Rei

RTL Lëtzebuerg
Wärend Méint goufen an Däitschland keng Hoer geschnidden oder gefierft. Vum 1. Mäerz un dierf awer nees fläisseg friséiert ginn.

Fir där grousser Nofro gerecht ze ginn, hu verschidde Coiffeurssalonen direkt um 0.01 Auer Rendez-vouse verdeelt. Dorënner och dem Marco Trapani säi Betrib zu Dortmund. Ganzer 6 Persoune duerften direkt als éischt eng nei Coupe kréien, dorënner 2 Fraen a 4 Männer.

Mëtt Dezember hunn d’Salonen hir Diere missten zoumaachen. Fir zweet bannent engem Joer. Fir wien d’Reouverture e méi schéint Erliefnis ass? Fir d’Coifferen, déi endlech nees dierfen zur Schéier gräifen a schaffen oder d’Clienten, bei deene sou munche Faux-paus aus dem Lockdown behuewe muss ginn? D’Virfreed war op alle Fall op béide Säite grouss.

Net méi erwaarde konnt et och eng Fra aus Duisburg. Si huet ganzer 500 Euro op den Dësch geluecht, fir als alleréischt un d’Rei ze kommen. Si huet awer annoncéiert, 1.000 Euro dofir ze bezuelen, fir dass d’Hallschecht vun där Zomm un d’Kannernouthëllef gespent gëtt.

D’Reouverture vun de Coiffeurssalone war e groussen Hoffnungsschimmer fir d’Branche, déi wärend de leschte Wochen a Méint extrem gelidden huet. 10 bis 20 Prozent vun de Betriber hätten am 2. Lockdown uginn, dass si ouni finanziell Hëllefe vum Staat faillite gi wieren, sot de René Hain vum “Landesinnungsverbands des Friseurhandwerks” an Hessen.

Back to Top
CIM LOGO