
Viséiert ass de presuméierten Hannermann vun der Sabotage-Ekipp. Dem Ukrainer Serhii K. gëtt verfassungsfeindlech Sabotage reprochéiert, wéi eng Spriecherin vum Parquet e Mëttwoch matdeelt, ouni weider Detailer ze nennen.
Bei der Sabotageaktioun am September 2022 waren d'Leitungen, déi fir den Transport vu russeschem Gas an Däitschland gebaut gi waren, duerch Sprengsätz schwéier beschiedegt. Zu deem Zäitpunkt ware se awer net a Betrib. Russland hat d'Gasliwwerungen iwwer d'Nord Stream 1 scho kuerz virdru gestoppt, als Reaktioun op déi westlech Sanktioune wéinst der russescher Invasioun vun der Ukrain. D'Nord Stream 2 war ni a Betrib.
Scho kuerz no der Sabotageaktioun, am Oktober 2022, hat de Parquet vun Hamburg d'Ermëttlungen iwwerholl. Am August 2025 gouf den Ukrainer an der Vakanz an Italien festgeholl a méi spéit an Däitschland ausgeliwwert. Hie sëtzt zanterhier an Untersuchungshaft.
De K. soll deemno Offizéier vun enger Spezialunitéit vun der ukrainescher Arméi gewiescht sinn. Zesumme mat sechs Komplize soll hie vu Rügen aus op eng Seegelyacht gaange sinn, déi fir e puer Woche gechartert war. Bei e puer Dauchgäng hätte si véier Sprengsätz a bis zu 80 Meter Déifst um Mieresgrond placéiert. De 26. September 2022 waren dës detonéiert.