
Um éischte vun insgesamt 15 geplangte Prozesser, déi am Kader vum Corona-Ausbroch vu virun engem Joer am Schigebitt organiséiert goufen, hat de Jong vum u Covid-19 verstuerwenen Hannes Schopf deelgeholl. Hien an d’Wittfra vum Mann hu beim éisträichesche Staat eng Plainte iwwer 100.000 Euro gemaach. Doranner werfe si dem Staat vir, net séier genuch gehandelt ze hunn a sou fir vill Krankheets- an Doudesfäll verantwortlech ze sinn.
D’Fra geet dovun aus, dass hire Mann sech wärend der Evakuatioun vum Schigebitt ugestach huet. Si beschëllegt d’Autoritéiten, alles vill ze chaotesch organiséiert ze hunn an dass si sech elo dofir verantwortlech weise missten. Och dem Bundeskanzler Sebastian Kurz seng Politik gouf kritiséiert.
Enger onofhängeger Kommissioun no, hätt déi éisträichesch Regierung ze spéit gehandelt, besonnesch well schonn de 5. Mäerz Warnungen aus Island komm sinn, dass Vacancieren no hirer Rees positiv getest goufen. Ischgl gouf réischt den 13. evakuéiert an zougemaach.
Iwwer 6.000 Leit aus 45 Länner goufen an deem Zesummenhang positiv op de Coronavirus getest. Eng 5% dovunner haten duerno mat Long-Covid ze kämpfen.
D’Urteel an där Affär kéint richtungsweisend sinn, well et honnerte vu weideren änleche Plainte ginn.