Beamte seet, et wier Noutwier gewieschtEltere vun Affer maachen ICE schwéier Virwërf

RTL Lëtzebuerg
Nodeems zu Minneapolis eng weider Persoun vun engem ICE-Agent erschoss ginn ass, ginn d'Stëmme géint d'Immigratiounsverwaltung ëmmer méi haart. "Et kann net sou weidergoen", sou de Gouverneur vu Minnesota.
Hëtzeg Stëmmung am kale Minnesota
Hëtzeg Stëmmung am kale Minnesota
© ARTHUR MAIORELLA/Anadolu via AFP

D’Situatioun zu Minneapolis riskéiert, weider ganz ugespaant ze bleiwen. Nodeems Beamte vun der ëmstriddener Immigratiounsverwaltung ICE e Samschdeg op en Neits en US-Bierger am Kader vun engem Asaz erschoss hunn, maachen d’Eltere vum Betraffene schwéier Virwërf. Hire Jong vu 37 Joer wier ouni legitimme Grond “kalbliddeg” erschoss ginn. D’Regierung géif léien. Hire Bouf, deen als Infirmier an engem Spidol fir Krichsveterane geschafft hätt, wier keng Menace fir d’ICE-Beamten gewiescht. D’Autoritéiten argumentéieren, d’Beamten hätten de Mann aus Noutwier erschoss. De Grenzschutzpolizist hätt geschoss, well en “ëm säi Liewen an d’Sécherheet vun de Poliziste gefaart hätt”. D’Medie probéieren den Ament, d’Zeen unhand vum Videomaterial, wat et dovunner gëtt, z’analyséieren.
tim walz x

Op alle Fall riskéiert dëse weideren Tëschefall, d’Protester géint déi ëmstridden ICE-Brigade zu Minneapolis an doriwwer eraus nach weider unzedreiwen. De Gouverneur vum Bundesstaat Minnesota, den Demokrat Tim Walz, huet op enger Pressekonferenz gefuerdert, de President Trump misst d’ICE ofzéien. Si géife “Chaos a Gewalt” bréngen. “Mir kënne sou net weider fueren. Eis Kanner sinn traumatiséiert”, sou de Walz. Och de Buergermeeschter vu Minneapolis rifft dozou op, dem Asaz en Enn ze setzen. Et misst Schluss si mat der “Invasioun vun de schwéier arméierten, maskéieren Agenten, déi op de Stroossen vu Minneapolis ronderëm ginn a sech duerch e Gefill vu Stroffräiheet encouragéiert fillen”, sou den Jacob Fey.

Den Donald Trump gesäit dat ganzt ganz anescht. Den US-President huet Biller vun der presuméierter Waff vum erschossene Mann gedeelt, mat der Fro, wou dann déi lokal Police wier. A firwat déi d’ICE-Beamten net schützen dierft?

Uganks des Mounts haten ICE-Beamten schonn eng Fra vu 37 Joer, um Bord vun enger Protestaktioun géint d’Razzien géint Migranten an der Stad, an hirem Auto erschoss. De Fall hat eng grouss Protestwell ausgeléist, déi sech dës Woch nach verstäerkt hat, nodeems bei enger anerer Aktioun e 5 Joer ale Jong festgehale gi war.

Liest dozou och déi heiten Artikelen:

Back to Top
CIM LOGO