
Et goufe 4 Orang-Utanen a 5 Bonoboen geimpft. Deemnächst solle 4 weider Afe geimpft ginn. D’Déiere kruten no 3 Wochen hier zweet Dosis.
Am Januar waren 8 Gorillae vum Zoo positiv op de Coronavirus getest ginn. Si waren domat weltwäit déi éischt Mënschenafen, déi positiv getest goufen.
Wéi “National Geographic” mellt, goufen Infektiounen och scho bei Hënn, Kazen, Tigeren, Léiwen, Näerzen an enger Partie aneren Déiere weltwäit bestätegt.