
De fréieren US-President Donald Trump huet den Ofzuch vum US-Militär aus Afghanistan als déi gréisst baussepolitesch Demütegung an der Geschicht vun den USA bezeechent. “Dat ass kee Réckzuch. Dat war eng total Kapitulatioun”, sou den Trump viru senge Supporter zu Cullman am Bundesstaat Alabama.
Hien huet op en Neits den US-President Joe Biden fir de Fall vun Afghanistan un déi radikal-islamesch Taliban verantwortlech gemaach. De Réckzuch vun den US-amerikaneschen Truppen, deen den Zesummebroch ausgeléist huet, war allerdéngs nach vum Trump senger Regierung mat den Taliban ausgehandelt ginn.
D’Taliban, mat deenen hie verhandelt hätt, hätten hie respektéiert, sou den Trump weider. Wär hien nach am Amt gewiescht, wär et net zu där séierer Muechtergräifung komm. “Mir hätten d’Land mat Éier verloosse kënnen. Elo verloosse mir et mam Géigendeel vun Éier.”
Biden kritiséiert Ofkommes vun der Regierung Trump
De Biden sot dogéint, hien hätt ee schlecht Ofkommes vum Trump geierft. Hien huet d’afghanescht Militär an d’Regierung, déi elo am Exil ass, kritiséiert, well si sech geweigert hätten, géint d’Taliban ze kämpfen.
