WHOEnn vun der Pandemie am Laf vun dësem Joer wuel onrealistesch

RTL Lëtzebuerg
Et kéint duerch d’Impfunge maximal erreecht ginn, dass sech d’Zuele vun de Krankheetsfäll an de Spideeler an doduerch och d’Doudeschiffere verbesseren.

Momentan géif een, mat Ausnam vun Afrika an der West-Pazifik-Regioun, iwwerdeems nees an allen Deeler vun der Welt eng Hausse vun den Infektiounszuele registréieren, nodeems et déi lescht 6 Wochen éischter besser goung.

Dem WHO-Generaldirekter Tedros no kéint dat un de méi ustiechende Mutatioune leien, awer och un de Mesuren, déi net méi strikt genuch wieren, an dodrun, dass d’Leit es mëttlerweil genuch hunn, a sech net méi un d’Restriktiounen halen.

Back to Top
CIM LOGO