DäitschlandEnquêteure sichen no déidlechem Ugrëff beim Schlass Neuschwanstein no Videoen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch hat ee Mann beim Schlass Neuschwanstein a Bayern zwou 21 an 22 Joer al Touristinnen an eng Schlucht erofgestouss.
© AFP/Archiv/Christof STACHE

Eng vun de Fraen ass un hire Blessure gestuerwen. Ermëttler hoffen elo op Videomaterial vum Touristenhotspot, fir de Verlaf vun der Dot besser rekonstruéieren ze kënnen.

D’Videoe kënnen iwwert ee speziellt Portal eropgeluede ginn. Och wann de presuméierten Täter oder déi zwee Affer just zoufälleg dran ze gesi wieren, kéint dat bei den Ermëttlungen hëllefen.

Der Police no deiten éischt Ermëttlungen dorops hin, datt déi zwou Touristinnen de Mann an der Géigend vum Tatort zoufälleg kennegeléiert hunn a sech him dunn ugeschloss hunn, fir zesummen op een Aussiichtspunkt ze goen. Op enger verstoppter Plaz koum et dunn zum déidleche Virfall.

Bayern: 21 Joer al Touristin stierft no Ugrëff bei Schlass Neuschwanstein Een 30 Joer alen Tourist aus den USA ass nom Ugrëff festgeholl ginn. Zanter en Donneschdeg sëtzt hien der Police no ënnert anerem wéinst Mordverdacht an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO