
Een Dag, ier d'EU-Sanktioune géint Russland musse renouvelléiert ginn, si sech d‘EU-Memberlänner nach net eens, wéi et mat dëse Sanktioune soll virugoen. An der Haaptsaach gëtt doriwwer diskutéiert, ob de Milliardär Alischer Usmanow vun der Sanktiounslëscht soll erofgeholl ginn, wéi ënnert anerem Frankräich dat fuerdert.
Lëtzebuerg hätt iwwerdeems gefuerdert, datt an deem Fall och de russesche Geschäftsmann Michail Fridman vun der Sanktiounslëscht gestrach misst ginn. Dat mellen international Medien, déi sech op Diplomatekreesser beruffen.
Allerdéngs refuséieren eng Rei Länner, datt iwwerhaapt Leit vun der Lëscht erofgeholl ginn. Als Kompromëss läit elo um Dësch, datt déi Männer vun der Lëscht gestrach ginn, an déi aner Sanktiounen dës Kéier net fir 6 Méint, ma fir ganzer 3 Joer verlängert ginn. Op der europäescher Sanktiounslëscht stinn an tëscht eng 3.000 russesch Leit an Organisatiounen.
Op d’Fro, ob dat der Lëtzebuerger Regierung hir offiziell Positioun wier, fir de Mikhail Fridman vun der Lëscht huelen ze loossen, huet de Finanzminister Gilles Roth geäntwert: "D'Lëtzebuerger Regierung ass do, fir d'Interesse vu Lëtzebuerg an d'Interesse vun senge Biergerinnen a Bierger ze vertrieden an dat maachen mer och an deem doten Dossier."
De Mikhail Fridman fuerdert vu Lëtzebuerg Schuedenersatz vu 16 Milliarden Dollar, dat well seng Avoiren zu Lëtzebuerg agefruer goufen, wéi hien op d'Sanktiounslëscht komm ass. Iwwert déi Plainte wäert e Schidsgeriicht zu Hongkong decidéieren.