Ee schwéier BlesséiertenEt koum nees zu engem Accident um Oktoberfest

Marlène Clement
Um leschten Dag vum Oktoberfest gouf et nees e schroen Tëschefall, déi Kéier bei der "Schiffsschaukel".
© FELIX HORHAGER/dpa Picture-Alliance via AFP

Kee schéinen Ofschloss fir d'Wiesn. Um leschten Dag vum Oktoberfest zu München koum et e Sonndeg de Moien op en neits zu engem Accident op enger Attraktioun. Dës Kéier op der "Schiffsschaukel". Ee Mataarbechter wier schwéier um Kapp blesséiert an nach op der Plaz reaniméiert ginn. De 47 Joer ale Mann wier elo am Spidol.

Virun zwou Woche schonn gouf et een déidlecht Ongléck um Oktoberfest, wéi ee Mataarbechter vum Freefall-Tower getraff an déidlech blesséiert gi war.

Back to Top
CIM LOGO