GardaséiFeier op engem Camping ausgebrach - 20 Blesséierter

Marlène Clement
Eng Persoun soll an engem kriteschen Zoustand sinn.
© ANP via AFP

Um Gardaséi ass e Sonndeg de Moien ee Feier op engem Camping ausgebrach. Fir genee ze sinn an der Gemeng Peschiera del Garda am Süden. Déi lokal Police schwätzt vun op d'mannst 20 Blesséierter. Eng Persoun soll an engem kriteschen Zoustand sinn.

D'Feier ass antëscht ënner Kontroll. Zu der Brandursaach ginn et nach keng Detailer.

Back to Top
CIM LOGO